Some pictures

Camping

 D’Campingsplaz um Site Belvédère ass ideal fir Gruppen-, Truppen- oder Patrulle-Campen a bidd all Comfort fir gudde Scouting. Där kënnt eis modern Sanitäranlagen, déi direkt beim Camping am Haaptgebäi si, benotzen.

De Camp ass mat elektreschem Uschloss a mat engem grousse Wäschtrach mat Waasseruschloss équipéiert. Där kënnt de Camp onofhängeg oder zesumme mam Home lounen. De Chalet (mat Dëscher a Bänken fir 100 Leit) kann ee fir Aktivitéite bei schlechtem Wieder lounen.

Ronderëm de Camp fënd ee gemittlech Plazen am Schied fir ze relaxen a fir am Summer der Hëtzt aus dem Wee ze goen. Feier maachen ass erlaabt, mä mär recommandéieren den Gruppen awer eng aner Kachméiglechkeet matzebréngen (z.B. Kachen mat Gaskocher).

Op eiser Cérémonie-Plaz kënnt där jidderzäit e grousst Lagerfeier maachen, an äre Fändel kënnt der op engem fixe Fahnemast héich iwwer Diddeleng opzéien.

Praisser

 Pro Scout pro Nuet: 4,50 

Toiletten an Duschen inklusiv. Detailer hei.

Prix camping

 Par scoute par nuit: 4,50 €

Toilettes et douches incluses. Les détails ici.

Preis Camping

 Pro Pfadfinder pro Übernachtung: 4,50 €

WC's und Duschraum inbegriffen. Lesen Sie hier mehr dazu.

Price Campsite

 Per scout one overnight stay: 4,50 €

WC's and shower rooms included. Get more details here.