Some pictures

Home a Chalet

 Eist Scoutshome Belvédère gouf 1946 gebaut. Zënter hier gouf et awer stänneg moderniséiert a vergréissert fir äerch an eis de beschte Confort ze garantéieren.

Op eisem Site gëtt et zwee separat Gebaier, déi mär Home a Chalet nennen an déi ganz gemittlech a mat Goût ageriicht sinn. Si si béid komplett zentral gehëtzt, isoléiert, hunn duebel Verglasung, sinn traditionell mat Zille gebaut, hunn iwwerall Elektresch an hunn eng komplett Feiersécherung.

Am Rez-de-chaussée vum Home fann der eng komplett ageriicht a normgerecht Kichen, en Débarras, eng kleng Buvette (déi Freides Owes a Samschdes Mëttes op ass) an dë Sanitärblock. Um éischte Stack ass e grousse Versammelungsraum, eise Rittersall, mat Sëtzplaze fir 60 Leit an enger oppener Cheminée, souwéi zwee weider Versammlungsraim. Um leschte Stack sinn zwee Dortoirë mat jee 16 Better. Scoute sollen hir Schlofsäck matbréngen a fir Privatleit verloune mär komplett Bettgedecks. Nieft dem Home si verschidden Terrasse fir ze entspaanen an do kann een och dobaussen iessen.

Dat zweet Gebai, de Chalet, huet e risege Multifunktiounsraum mat Dëscher a Bänke fir 100 Leit.

Sidd der virwëtzeg ginn?